Haut ass kee gudden Dag fir de Jimmy.
Näischt ass gutt. “Vläicht bass de haut granzeg”, mengt säi Frënd Theo.
Awer de Jimmy mault: “Ech sinn net granzeg!”
Och seng Frënn kréien hien net opgemontert, an hie leeft rose fort.
Kann et da vläicht sinn, datt den Theo Recht huet?
E léift Billerbuch, dat op eng witzeg Manéier den Ëmgank mat deene Gefiller erkläert, déi am Fong net ze erkläre sinn.